Accéder au contenu principal

Generalversammlung

Léif Memberen,

Den 11. Mäerz um 18 Auer ass et erëm esou wäit: Eis Generalversammlung fënnt zu Walfer am Centre Culturel Prince Henri statt.

Verschidde Riedner wäerten zu wichtegen Theme Positioun ergräifen. Um Programm stinn ënner anerem:

·      e Réckbléck op 2025 an d’Perspektive vum Métier

·      Gehälterverhandlungen an de béide Statuten

·      d’Positioun vum CGFP-Generalsekretär

·      de Neibau HaLo zu Beetebuerg, d’Erwaardungshaltung vun eise Mataarbechterinnen a Mataarbechter am Tri

·      aktuell an zukünfteg Reorganisatiounen

·      déi haltlos Fuerderunge vun OGBL an LCGB vis-à-vis vun der CGFP

·      dat Neist aus der Kleedermass

·      déi aktuell Situatioun vum Recours vun den 300 Bréifdréierinnen a Bréifdréier

·      souwéi aner wichteg Sujeten

Mir invitéieren dech häerzlech, den 11. Mäerz op Walfer ze kommen an deng Gewerkschaft ze ënnerstëtzen, fir déi et am Beräich Courrier bei der POST keng gewerkschaftlech Alternativ gëtt. Besonnesch an den aktuelle Zäiten ass Solidaritéit e staarkt a wichtegt Zeechen, an et géif eis freeën, dech kënnen ze begréissen.

De Verwaltungsrot, Delegéiert an d’Pensionéierten-Sektioun soen dir elo schonn villmools Merci fir deng Präsenz.